We would like to create a Frequently Asked Questions (FAQ) section on our website.

Feel free to fill in the form below if your question is not listed. You can add multiple questions at once.

ESTA

ESTA steet fir Electronic System for Travel Authorization.

All Participant dee mat op den Jamboree geet, muss säin ESTA selwer ufroen.

Déi genau Prozedur ass an der Newsletter N°6 erkläert.

PASS

All Participant brauch fir den Jamboree e gültege Pass.

Dëse MUSS mindestens bis den 10.02.2020 gülteg sinn.

TÄSCHEGELD

Um Jamboree an op der Norees besteet d’Méiglechkeet eppes ze kafen (Gedrénks, Iessen, Souveniren, etc..)

Mat grousser Wahrscheinlechkeet besteet um Jamboree d’Méiglechkeet “barlos” ze bezuelen. De System ass am Moment nach net bekannt. Wahrscheinlech ass et wéi eng Visaskaart, déi vun doheem aus gelueden ka ginn. Weider Detailer komme no soubal mir se hunn.

Den CMT (Contingent Management Team) mécht keng Recommandatioun wat de Montant vum Täschegeld ubelaangt.

KREDITKAART

Den CMT mécht drop opmierksam dat VPAY an Amerika NET fonctionnéiert.

Dir kënnt bei ärer Bank eng Visa/Maestro mat enger festgesater Limitt fir Äert Kand ufroen.

PERSÉINLECH WÄERTSAACHEN

Den CMT iwwerhëlt keng Responsabilitéit fir déi perséinlech Wäertsaachen déi d’Participanten mat op den Jamboree huelen.

Et besteet ausserdeem keng Méiglechkeet fir den CMT de Participanten hir Wäertsaachen ze stockéieren. Jiddereen ass selwer responsabel.

INTERNET

De ganze Site vum Jamboree ass mat WIFI couvréiert. Den CMT kann awer keng Garantie ginn dat dësen och permanent accessibel ass.

GSM & ROAMING

Den CMT erënnert drun dat d’USA net an der EU sinn 😅.

Deemno falen och Roaming Käschten bei Telefonat/SMS/Internet un.

Je no Abo besteet bei sengem Handybedreiwer d’Méiglechkeet fir ee Mount e speziellt Abo ze huelen.

WICHTEG: Net all GSM fonctionnéiert an Amerika ➡️ https://willmyphonework.net

MATERIALLËSCHT

Den CMT publizéiert mat Zäit op dëser Plaz eng detailléiert Materiallëscht fir op den Jamboree.

UNITÉITEN

De Lëtzebuerger Contingent besteet aus 228 Leit an ass a 5 Unitéiten agedeelt.

  • 8 CMT
  • 20 IST
  • 20 Leader
  • 180 Participant

All Unitéit besteet aus 40 Leit. (36 Participanten a 4 Chef)

Unitéit 1: Tom CONRAD, Jean-Claude COLLING, Diego DEIBENER, Sophie WEBER

Unitéit 2: Steven MASON, Niels SALVATORE, Antoine BERCHEM, Mara BELACCHI

Unitéit 3: Laura STROCK, Michel VANDEPUTTE, Pol KIHN, Ciaran HAGEN

Unitéit 4: Basile DELL, Olivier MARTIN, Alexandre LENERT, Lena LÖFFLER

Unitéit 5: Nathalie BRICHER,, Yannick LECLERC, Luc ROSSWINKEL, Bernard DONDELINGER

Distribution Unités WSJ 2019

TRANSPORT

De Lëtzebuerger Contingent gëtt op 4 Volen opgedeelt fir ze reesen. Dëst fir d’Optioun “Norees” ze respektéieren. Déi 5 Unitéiten fonctionnéieren also eréischt um Jamboree selwer.

Den Trajet Lëtzebuerg-München an Lëtzebuerg-Frankfurt ass mam Bus. Déi genau Auerzäiten a Plazen fir de rendez-vous gi mat Zäit vum CMT matgedeelt.

Aller

  • 21/07 München ➡️ Charlotte
  • 21/07 Frankfurt ➡️ Charlotte (Optioun Norees)
  • 21/07 Frankfurt ➡️ Charlotte (Optioun Norees)

Retour

  • 02/08 Charlotte ➡️ Frankfurt (+1)
  • 09/08 New York JFK ➡️ Frankfurt (+1) (Optioun Norees)
  • 09/08 New York JFK ➡️ Frankfurt (+1) (Optioun Norees)

NOREES

165 vun den 228 Guiden a Scouten aus dem Lëtzebuerger Contingent hunn d’Optioun Norees gewielt. Nom Jamboree vum 21.07 bis den 02.08.2019 geet et also weider duerch Amerika.

D’Destinatioune vun der Norees sinn Richmond ➡️ Washington ➡️ Philadelphia ➡️ New York.

De 9. August fléie mir da vu New York zréck op Lëtzebuerg (kuckt “Transport” fir weider Detailer).

Am Präis vun der Norees mat dra sinn: Transport, Hotel, Visiten an Iessen.

Am Programm ass och Fräizäit virgesinn, wou d’Participanten a klenge Gruppen duerch déi jeeweileg Stied trëppele kënnen. Wärend der Fräizäit ass et de Participanten iwwerlooss zousätzlech eppes fir z’Iessen an ze Drénken oder och e Souvenir ze kafen (kuckt TÄSCHEGELD a KREDITKAART fir weider Informatiounen).

WIEDERKONDITIOUNEN UM JAMBOREE

Here is a summation of the weather history as provided by Tony Edwards of NOAA

(National Weather Service, Charleston, WV) for 22 July – 2 August:

The normal high temperature for Summit Bechtel Reserve during the 22 July through 2 August time frame is 81oF/27oC. However, over the past 75 years, daytime temperatures as cool as 64oF/17oC to as hot as 95oF/35oC have been observed. The normal low temperature during the period is 61oF/16oC. However, nighttime temperatures have been as cool as 40oF/4oC to as warm as 73oF/23oC. The hot temperatures this time of year are often accompanied by high and uncomfortable humidity levels. Rain showers are a frequent occurrence this time of the year, so bring the rain gear! Daily rainfall for the period averages around 0.15”/3.8 mm with the greatest daily rainfall occurring when 2.81”/71.4 mm fell on July 27, 2001. A total of 6.00”/152.4 mm of rain fell during the period back in 1945, while no rain fell at all during the period back in 1986. That is the only year to have no rain fall during the 22 July through 2 August period since 1942! Rain this time of year often falls from thunderstorms. The most likely hazard from thunderstorms to impact the area is lightning, but strong winds and flooding rains, while not frequent, can also occur.